
10 000 Schrëtt duerch Luerenzweiler !
Eis nei Aktioun fir Gesondheet a sozial Kontaktméigelechkeeten mateneen ze verbannen:
Mir treffen eis ab März 2019 all zweete Freideg am Mount
um 19 Auer op der Gare zu Luerenzweiler.
Also: den 8.März, 12.Abrël, 10.Mee, 14.Juni, 12.Juli, 9.August, 13.September
Loost Iech iwerraschen wou mer dann zesummen higinn.
Ob gutt oder schlecht Wieder, mat Kand, Hond, mat Frënn oder Bekannten,
mir ginn 1 Stonn duerch d’Duerf a schléissen den Owend an engem lokale Bistro of.